top of page
Abstract Lights

All perséinlech Donnéen déi dir hei um Site ungitt oder mir zoukommen loosst gin vertraulech behandelt an just fir den professionellen Kontakt genotzt. Ech gin des Donnéen net weider an se sin och net ëffentlech anzegesin. 

 

Dir hudd een Problem mat engem Produit?

Versand: 
Aer Produien goufen beim Versand beschiedecht? 
Kontaktéiert mech mat enger Foto vun aerem Paak, fir alles waat beim Versand beschiedecht gëtt kritt dir aert Geld zrëck.

Versandzait: 
Fir alles waat net vun mir geliwert gëtt mais iwert Versand per Post zou iech kënnt iwerhuelen ech keng Verantwortung fir d'Liwerzait. Och kritt dir d'Suen net zreck wann den Paak nom Datum ukënnt wou en gebraucht gin wier. Ech wees datt daat iejerlech ass, mais ech hun keng Schold un verspéidungen bei der Post. Bestellt dofir w.e.g. mat Zaiten, dir hudd och ëmmer d'Méijlechkeet aer Saachen an d'Geschaeft sichen ze kommen, no oofsprooch och mol ausserhalb vun den Ëffnungszaiten wann et net aanecht geht. 

Bei Problemer mat engem Produit:
Fir all vun mir verscholden Fehler bei mengen Produien iwerhuelen ech déi voll Verantwortung, sollt also mol engkéier eppes mat engem Artikel vun mir net sou sin wéi et soll, mellt iech w.e.g. bei mir, an deem fall gidd dir natierlech komplett entschiedecht.

Emtausch vun Produien: 
Bei all Hyjiens/ Kosmetikproduien ass een Emtausch net méijlech.
Dekosartikelen kënnen evtl. emgetosch gin wann se nach am nemlechten Zoustand wéi beim Akaaf sin an den Akaaf net méi wéi 2 Wochen hier ass.


 

Aer Donnéen:
bottom of page