Et ass dran:
Hielaennerbléienuelechauszoch an kaalgepresstem, Mandeluelech
Sheabotter
Lanolin
Beienwuess
D'Hielaennerbléien hëllefen zousaetzlech zu den Uelecher dobai strapazéiert Haut ze berouejen an ze heelen, sie wierkt doriwer eraus entzündungshemmend an fiichtechkeetsspendend sou datt se och bei schlëmm strapazéierter Haut an klengen Wonnen geholl kann gin.
Duech sie ass des Creme ideal no der Fréijoersbotz, wann d'Haenn vill gelidden hun souwéi am Wanter wann een duech d'Keelt Baschten kritt, nom laangen Spullen, ... awer och fir d'Féiss wann een an der Vakanz vill mat plaakechen Féiss am warmen Sand war, wann se nom Sport eng kleng extra Pflej brauchen oder och einfach bei drëschener Haut.
Den Hielaenner helleft zudem och géint den Bass nodeems een gepickt gouf, en ass hei zwar net sou effektive wéi z.b. den Spitzwegerich, den Lavendel oder den Téibaam, kann awer trotzdem eng super erliichterung sin wann een gepickt gouf an grad naischt aanecht bei Hand huet.
Den Mandeluelech spend der Haut Fiischtechkeet, den Lanolin wierkt super reckfettend an berouejend, den Beienwuess bild eng "Schutzschicht" fir eis Haut an den Sheabotter wierkt net nëmmen immens pflejend an hydréiernd ob d'Haut, en zitt och séier an déif an d'Haut an an hëlleft doduech och den aaner Uelecher méi séier anzezéien an ze wierken.
An als Erklaerung firwaat et eng fir Béides ass: Ech frohen mech vun ufank un firwaat een d'Hand- an d'Fousscremen net einfach an enger mecht vue datt d'Inhalter usech déi nemlecht sin. Ech hun mech lo bei enger ganzer Réih Hiersteller fir Naturkosmetik einfach mol iwert hier Rezepter schlau gemaach an dobai gemierkt datt bei deenen Meechten déi ech fond hun d'Rezept vun den Handcremen 1 zu 1 daat nemlecht ass wéi daat vun den Fousscremen. Firwaat sie et dann als verschidden Creme am Verkaaf hun? Wahrscheinlech aus Gewunnecht an well och einfach vill Lait gaeren eng Hand an eng Fousscreme haetten. Daat soll och lo guernet géint een schwaetzen deen et sou mecht, ech verstin et an et schwaetzt unsech jo naischt dogéint.Ech hun mech lo awer dofir entscheed et sou ze maachen, ech sin eben een ganz simpelen Mensch an fannen et net logesch 2 Deppecher ze brauchen wou daat nemlecht dran ass Et steht iech natierlech frai der trotzdem 2 ze huelen an weem et leiwer ass kann ech och eng Etikett mat Handcreme an eng mat Fousscreme maachen
OPPASSEN, et ass keng Creme géint Hornhaut! Et ass einfach eng nährend Fiichtechkeetscreme déi séier an déif anzitt, super wann een nom Fréijoersbotz Baschten huet oder d'Haenn ze lang am Spullwaasser haat oder zevill mat plaakeschen Féiss iwert warmen Buedem gelaaf ass.
top of page
Artikelnummer: 1488
13,00 €Preis
Produktseite: Stores_Product_Widget
bottom of page