top of page

Et ass dran:

Hielaennerbléienuelechauszoch an kaalgepresstem, Mandeluelech

Sheabotter

Lanolin

Beienwuess

Naturreng ätheresch Uelecher: Peffermënz, Zeder

 

D'Hielaennerbléien hëllefen zousaetzlech zu den Uelecher dobai strapazéiert Haut ze berouejen an ze heelen, sie wierkt doriwer eraus entzündungshemmend an fiichtechkeetsspendend sou datt se och bei schlëmm strapazéierter Haut an klengen Wonnen geholl kann gin. 

Duech sie ass des Creme ideal no der Fréijoersbotz, wann d'Haenn vill gelidden hun souwéi am Wanter wann een duech d'Keelt Baschten kritt, nom laangen Spullen, ... awer och fir d'Féiss wann een an der Vakanz vill mat plaakechen Féiss am warmen Sand war, wann se nom Sport eng kleng extra Pflej brauchen oder och einfach bei drëschener Haut. 
Den Hielaenner helleft zudem och géint den Bass nodeems een gepickt gouf, en ass hei zwar net sou effektive wéi z.b. den Spitzwegerich, den Lavendel oder den Téibaam, kann awer trotzdem eng super erliichterung sin wann een gepickt gouf an grad naischt aanecht bei Hand huet.

Den Mandeluelech spend der Haut Fiischtechkeet, den Lanolin wierkt super reckfettend an berouejend, den Beienwuess bild eng "Schutzschicht" fir eis Haut an den Sheabotter wierkt net nëmmen immens pflejend an hydréiernd ob d'Haut, en zitt och séier an déif an d'Haut an an hëlleft doduech och den aaner Uelecher méi séier anzezéien an ze wierken.

An als Erklaerung firwaat et eng fir Béides ass: Ech frohen mech vun ufank un firwaat een d'Hand- an d'Fousscremen net einfach an enger mecht vue datt d'Inhalter usech déi nemlecht sin. Ech hun mech lo bei enger ganzer Réih Hiersteller fir Naturkosmetik einfach mol iwert hier Rezepter schlau gemaach an dobai gemierkt datt bei deenen Meechten déi ech fond hun d'Rezept vun den Handcremen 1 zu 1 daat nemlecht ass wéi daat vun den Fousscremen. Firwaat sie et dann als verschidden Creme am Verkaaf hun? Wahrscheinlech aus Gewunnecht an well och einfach vill Lait gaeren eng Hand an eng Fousscreme haetten. Daat soll och lo guernet géint een schwaetzen deen et sou mecht, ech verstin et an et schwaetzt unsech jo naischt dogéint.Ech hun mech lo awer dofir entscheed et sou ze maachen, ech sin eben een ganz simpelen Mensch an fannen et net logesch 2 Deppecher ze brauchen wou daat nemlecht dran ass Et steht iech natierlech frai der trotzdem 2 ze huelen an weem et leiwer ass kann ech och eng Etikett mat Handcreme an eng mat Fousscreme maachen

 

OPPASSEN, et ass keng Creme géint Hornhaut! Et ass einfach eng nährend Fiichtechkeetscreme déi séier an déif anzitt, super wann een nom Fréijoersbotz Baschten huet oder d'Haenn ze lang am Spullwaasser haat oder zevill mat plaakeschen Féiss iwert warmen Buedem gelaaf ass.

 

Hielaennerbléien Hand-& Fousscreme Peffermënz & Zeder

Artikelnummer: 1492
15,00 €Preis
Anzahl
    Produktseite: Stores_Product_Widget

    Froen? 
    Ufrohen fir Personaliséiert Bestellungen?
    Bestellungen fir gréisser Events?
    Kontaktéiert mech! :)

    • Whatsapp
    • Facebook
    • Instagram

    24 an Aasselbaach      Tel.: (+352) 661 230 396
    9776 Wëlwerwolz      Email: baula96@gmail.com

    Ganz wichtech: D'Geschaeft ass nëmmen ob RDV ob!

    12493426_10205635211110795_5734778105095
    bottom of page