top of page
Organic Farmers Market
Niewt eisem Geschaeft zu Wëlwerwolz fannt dir eis Produien nach:

Zu Heischend bei den "Alpakas aus dem Naturpark Obersauer" 10 um Maart:
Hei hudd dir een Superléiwen Famillienbetrieb wou dir niewt Produien aus Alpakawoll wéi Këssen, Decken, Haennchen, Strëmp an méi och aaner frësch an lokal Saachen vun hierem Haff kaafen kënnt. 
Et lount sech och fir eng Visit bei hieren Alpakaen ze buchen an des wonnerschein Déieren hautnoh ze erliewen
Ausserdeem, Sieden mir hier Seefen mat engem Hautpflejenden Rezept mat vill Sheabotter an, wéi kéint et aanecht sin, mat der Woll vun hieren Alpakaen. 

Zu Woltz am Ale Moart:
13, Grand-Rue Wiltz

Hei fannt dir net nëmmen vill, lokal Naturproduien souwéi handgemaachten Dekos- an Alldaachsartikelen vun Lokalen Produzenten, mais dir kritt och super Kaffi an Kaffiskichelcher an villes méi fir d'Ziessen an enger entspaanter Atmosphaer bei enger immens léiwer Equip.
Ale Moart – Craft Food Store – Ethical Gifteria – Artisanal Bakery – Coffee house & take away


Zu Esch-Sauer an der Duchfabrik:
15, rue de Lultzhausen

Niewt der Duchfabrik selwer, wou dir Iech ukucken kënnt wéi d'Woll bei hinnen verschafft gëtt an den villen, intressanten Aktivitéiten ronderëm eis Natur déi sie unbidden, fannt dir hei och een léift Geschaeft mat lokalen Produien, schéinen, handgemaachten Kadoen an super léif Berodung.
Shop – Naturpark Öewersauer

Bei Melokal an Form vun Bongen:
Lokal ënnerstëtzen an e flotte Kaddo maachen!
Op Melokal.lu kënnt dir elo ganz einfach online Bongen kaafen, déi dir ab November 2024 och direkt bei mir am Geschaeft aléisen kënnt. Dat Besonnescht un dësem Bong ass, datt dir ganz bequem vun doheem aus een flotte Kado maache kënnt, mat deem dir net nëmmen Freed verschenkt, mais och een Produzent aus aerer Géigend ënnerstëtzt – een Kaddo mat Haerz a lokaler Verbonnenheet!
Hei fand dir niewt eisem Geschaeft nach Dozen aaner Lëtzeboier Produzenten!
Et lount sech ob allen Fall fir bis luussen ze gohen, och schon fir d'Produzenten an d'Geschaefter kennen ze léieren!
Shop – MeLokal

Zu Eesbesch bei der FierwëtzTUUT:
6 am Duerf

Hei steet eng super léif Roulotte beim Sylvie firun der Dier wou dir allerlee, vun him gemaachten Saachen, fannt wéi Gebees aus Uebst an Geméis aus sengem Gaart, ganz léif Deko déi hat slewer mecht, groussdeels aus recikléiertem Material, ganz leckert Gebaeck, richtech wéi fréier vun him gebaak an, wann hat doheem ass, fann dir hei och gudd gelauntent, léift Gespréich an eppes ze Drenken.

Froen? 
Ufrohen fir Personaliséiert Bestellungen?
Bestellungen fir gréisser Events?
Kontaktéiert mech! :)

  • Whatsapp
  • Facebook
  • Instagram

24 an Aasselbaach      Tel.: (+352) 661 230 396
9776 Wëlwerwolz      Email: baula96@gmail.com

Ganz wichtech: D'Geschaeft ass nëmmen ob RDV ob!

12493426_10205635211110795_5734778105095
bottom of page