top of page

Vierbestellung fir d'Fréijoer méijlech.

Schounend Zitrounenmelissenseef ouni Ätheresch Uelecher an mat 16% Iwerfettung.

 

Ideal fir sensibel Haut oder fir Kanner.

 

Enthaalen sin:

Kokosfett
Kakaobotter
Mandeluelech
Rapsuelech
Jojobauelech
Rizinusuelech
Nachtkerzenuelech
Sheabotter
Beienwuess

Zitrounenmelissentéi

Hunneg

 

Faerdech gedrchent: 25.11

 

Zitrounenmeliss:

Sie huet eng antiviral an antibakteriell Wirkung wouduech sie ideal ass fir Hautinfektiounen, Akne, Herpes an gereizten Haut ze behandelen. Och huet sie eng antioxydativ Wierkung dei d'Haut firun fraien Radikalen an Emweltanflëss schützt.

 

Kokosfett:

Kokosfett suejt an der Seef fir d'Schaumbildung an spend der Haut een Fiischtechkeetsspendenden Schutzfilm. Ausserdeems berouecht et bei Hautiritatiounen an wierkt antibakteriell an antimykotesch.

 

Kakaobotter:

Nährt d'Haut mat Vitaminen, Mineralien an Antioxidantien, spend Fiischtechkeet an verbessert d'Elastiziteit vun der Haut duech eng ennerstetzung vun der Kollagenbildung.

 

Mandeluelech:

Spend Fiischtechkeet, schüzt firun UV-Strahlen an Pflejt d'Haut.

 

Rapsuelech:

Enthält vill Vitamin E an essentiell Fettseieren waat zu engem gesonden Hautbild baidreit. Ausserdeem bild et een fiischtechkeetsspendenden Schutzfilm iwert d'Haut.

 

Jojobauelech:

Reguleiert d'Hautfiischtechkeet, bend Talk, strafft d'Ennerhautfettgewebe an dreit zur Heelung vun Entzündungen an Akne bei. Jojoba versuecht d'Haut mat Vitamin A, B an E an helleft bei der Regeneratioun an Spaankraaft.

 

Rizinusuelech:

Drengt deif an d'Haut an an schüzt se firun Emweltanfless, dreit zu Kollagenbildung bei an wierkt sou klengen Faalen entgeint. Ausserdeem wierkt et Entzündungshemmend an helleft bei der Heelung vun Hautirritatiounen.

 

Nachtkerzenuelech:

Wierkt possitiv ob d'Zellregeneratioun, den Zellstoffwiessel an den Zellschutz aus.

 

Sheabotter:

Fördert Duechbluddung vun der Haut an ennerstezt se dobai Stoffer obzehuelen, versuecht d'Haut mat Fiischtechkeet an mecht se schein mëll. Sheabotter wierkt sech och positiv ob Hauterkrankungen wei Neurodermitis aus an bild eng net Waaserleislech Schutzschicht iwert d'Haut dei firun negativen Emweltanfless schüzt.

 

Beienwuess:

Leht eng berouejend an schützend Schicht iwert d'Haut.

 

Hunneg:

Rengëcht an berouecht d'Haut, versuecht se mat Antioxidanzien an Fiischtechkeet an ennerstezt d'Heelung bei Reizungen an Verbrennungen.

Zitrounenmelissen Seef

Artikelnummer: 776
8,00 €Preis
    Produktseite: Stores_Product_Widget
    bottom of page