Pissblummen Kierperbotter
Et ass dran:
Réih Sheabotter
Een Uelechauszoch mat Pissblummenbléien am kaalgepressten Bio Mandeluelech
Beienwuess
Naturreng, aetheresch Uelecher: Zitroun, Orange, Eukalyptus
An woufir ass se gudd:
Wéi all Kierperbotter ass se natierlech gudd fir drëschen Haut
Dobai kënnt awer datt d'Pissblumm bessi een alleskënner ass an dofir nach bei enger Reih aaner Saachen hëlleft wéi z.B.:
Bei Muskelkater
Bei Verspaanungen
Bei der Wondheelung
Se verbessert d'duechbluddung vun der Haut
11€
Magréidechersbalsam
Et ass dran:
Sheabotter
Mandeluelechauszoch mat Magréidecher an Lavendel
Lanolin
Hunneg
Naturrengen, aethereschen Uelech Kamill/ Peffermënz, Lavendel, Kamill
Den Uelechauszoch mat den Magréidecher ass super fir ob kleng Wonnen, Iritatiounen, bloo Plaatzen an Wond Haut, den Lavendel wierkt berouejend. Beides ass och super wann een gepickt gouf.
Den Peffermënz wierkt killend, bei Sonnenbrand ass se doduerch eng angenehm hëllef fir d'Haut ze berouejen, oofzekillen an ze heelen.
Dovun ofgesin ass et een Hydréiernden Balsam fir d'Haut wann se drëschen oder gereizt ass.
11€
Ob Stock hun mir es den Moment mat Kamill oder mat Peffermënz, Lavendel & Kamill, aaner/ keng ätheresch Uelecher sin ob Bestellung méijlech
Rengelblummen Salew
Et ass dran:
Mandeluelechauszoch mat Rengelblummen
Réihen Sheabotter
Beienwuess
Naturrengen, aethereschen Uelech: Lavendel, Kamill
D'Rengelblumm wierkt antibakteriell, entzuendungshemmend an heelend.
D'Salew aus Rengelblumm ass eng natierlech alternativ fir kleng Wonnen, wond Plaatzen, Exemen an Muskelkraemp ze behandelen.
14€
Kapuzinerkress Salew
Enthaalen sin:
Kapuzinerkressuelechauszoch am Mandeluelech
Réihen Sheabotter
Beienwues
Naturrengen, aethereschen Uelech: Lavendel,
Se dréit zur Wondheelung bai an kann d'nemlecht wéi d'Rengelblummensalew oder den Magréidechersbalsam fir kleng Wonnen oder Irritatiounen genotzt gin.
Den Kapuzinerkress wierkt wéi een natierlechen Antibiotique, entzuendungskemmend an heelend.
Den Lavendel wierkt zousaetzlech berouejend bei Hautirritatioun oder Bass.
14€
Beinwell Salew
Et ass dran:
Réih Sheabotter
Een Uelechauszoch mat Beinwellblieder am kaalgepressten Bio Mandeluelech
Beienwuess
Ätheresch Uelecher: Zitronell, Vanill, Eukalyptus
Mir kruten een schéinen Beinwellstrauch deen nom emplanzen huet missen zreck geschidden gin, dowéinst ass den Uelechauszoch mat den Blieder gemaach
D'Blieder enthaalen déi nemlecht Wierkstoffer wéi d'Wuezelen just net an grad sou héijer Konzentratioun
Den Beinwell ass firun allem bei Gelenkproblemer een ganz gudd Hëllefsmëttel.
En wierkt entzündungshemmend an kann hei fir kleng Wonnen sou wéi bei Gelenkentzündungen geholl gin.
Ausserdeem hëlleft en géint den Wéih bei Zerrungen, Arthrose, bloen Plaatzen, ...
Och huet en eng Duechbluddungsfördernd an Zellobbauend Wierkung wouduech en bei der Wondheelung hëlleft.
15€
Johanniskraut Salew
Et ass Dran:
Mandeluelechauszoch mat Johanniskraut
Beinwuess
Kokosuelech
Sheabotter
Den Johanniskraut wierkt vierrangech bei Verbrennungen, hëllt den Wéih an heelt d'Haut.
Ausserdeem huet en eng Stëmmungsobhellend Wierkung an verstaerkt d'Wierkung vun der Sonn.
Dest klengt ganz positiv waat et usech och ass, et sollt een awer ob epuer Saachen oppassen:
Et sollt een sech net mam Johanniskraut ancremem ier een an d'Sonn geht, soss verbrennt een sech gaeren, bei engem Sonnenbrand Cremt een sech also am beschten Owes an oder bedeckt dèi angecremten Plaatzen.
Ausserdem verdréit d'Johanniskraut sech mat verschidden Medikamenter net.
11€
Pechsalew
Eng ganz aal Salew déi an kenger Eicht-Hëllef-Këscht fehlen sollt.
Hiergestallt mat Mandeluelech, Sheabotter, Beienwuess, Fichtenharz an Rengelblumm kann sie nach vill méi wéi eng einfach Wondsalew:
Wéi den Numm schon erroden léisst huet sie eng "pechend" Wierkung wouduech sie zum Wondverschloss baidréit. Sie wierkt antibakteriell an entzündungshemmend an kann vun openen Wonnen iwert Hautiritatiounen bis zu Insektenstëch fir sou zimlech alles angesaat gin.
Och bei Neurodermitis an enlechen Hauterkrankungen huet sie eng berouejend an heelend Wierkung.
Ausserdeem wierkt sie als Zéihsalew bei Splaiteren.
An well daat nach net duer geht hëlleft sie och bei Entzündungsbedingten Krankheeten wéi Gicht oder Rheuma.
16€
Eukalyptussalew
Dran sin:
Een Auszoch am Mandeluelech, Sheabotter an Beienwuess mat den Blieder an der Baamschuel vum Eukalyptus an äthereschen Eukalyptus-, Peffermënz- an Pinienuelech.
Den Eukalyptus gëtt geholl fir d'Otemweeër frai ze maachen. En wierkt Schleimléisend, antibakteriell, antiviral an Entzündungshemmend.
Eukalyptusuelech gëtt ausserdeem tradizionell bei rheumateschen Beschwéirden agesaat.
Den äthereschen Pinienuelech wierkt erfrëschend an berouejend.
Den Peffermënz huet eng verstaerkend Wierkung wouduech hien den Eukalyptus an d'Pinien bei hieren Eejenschaften ennerstëzt. Zousaetzlech wierkt den Peffermënz selwer killend ob d'Otemweeër an léisst Schlaim.
14€
Kraider Roll-On
Duechotmen:
Mat vill äthereschem Eukalyptusuelech ass des kleng Roll-On Flaesch den perfekten Begleeder duech all Erkaeltung. Den Eukalyptus wierkt Schlaimléisend an hëlleft iech dobai rem richtech duechotmen ze kënnen.
10€
.
Fraien Geescht:
Bei Kappwéih, Stress an einfach "ze vill" ass desen Roll-On mat vill Peffermënz eng super Oofhëllef déi een ëmmer grëffbereed an der Posch mat sech drohen kann. Den Peffermënz wierkt net nëmmen dem Kappwéih entgéint mais en huet och eng killend an berouejend Wierkung. Och bei Insektenstëch ass en eng gudd Noutléisung.
10€
Rouh & Entspaanung:
Lavendel an Kamill sin ideal géint Stress. Sief et am Alldaach als Nervenennerstëtzung oder Owes fir anzeschloofen, des kleng Flaesch ass fir iech do an berouecht Iech. Och bei klengen Kanner onbedenklech kann dest ob hier Fousssuelen geriwen gin fir datt sie besser Schloofen.
10€