



Eis Seefen
Resume
D'Seefen kaschten 10€/ 100g
Dest kann liicht variéieren wann méi deier ätheresch Uelecher oder Planzenuelecher verschafft sollen gin (no uewen) awer och bei manner deieren Planzenuelecher oder gerochsfraien Seefen (no ënnen)
Vun der Bestellung bis zur faerdecher Seef musst dir mat ca 10 Wochen rechnen, denkt bei Seefen fir Kadoen/ Gaaschtgeschenker / ... doweinst w.e.g. drun se mat Zaiten ze bestellen.
Behaalt d'Opriff zur Seefenproduktioun am Aan wann dir eng Wonschseef hudd déi mat hiergestallt soll gin.
Een klengen Tipp fir aer Bestellungen:
Passt ob waat dir iech wënscht.
Als Beispill:
Peffermënz an der Seef ass z.B. eppes waat super richt an grad am Summer verlackend ass MAIS den Peffermënz wëll een net iwerall hun, dir verstitt...
Ech verweijeren iech d'Produktioun hei natierlech net, maachen awer drob obmierksam
Fir den Ufank epuer Infoen zum Thema Seefen bestellen:
Wann dir speziell Usprësch un aer Seef hudd, sief et obgrond vun Allergien oder Hautproblemer, Strapazéierten Hoer, oder einfach Wënsch waat optik an Geroch ugeht kënnt dir iech ganz einfach bei mir mellen an mir schaffen zesummen een fir iech passend Rezept aus.
Zaitdauer:
vum Moment vun der Bestellung bis zur ganz faerdecher Seef rechnen ech mat 10 Wochen (2 Wochen fir d'Plangen, d'Bestellen vun Réihstoffer déi ech evtl net ob Stock hun an d'Produktioun an 8 Wochen Drëschenzait).
D'Produktioun vun den Seefen ass net daat ganzt Joer, ech kënnejen d'Produktiounszaiten hei, ob Facebook an Instagram gudd een Mount am Fierfeld widderholl un sou datt dir et usech net verpassen kënnt.
Eis Rezepter:
Am Laaf vun den leschten 2 Joer hun mir 2 Grondrezepter fir eis Seefen ausgeschafft mat deenen mir an eis Clienten ganz zefridden sin an déi mir sou baibehaalen werten:
Kierperseef:
25% Kokosuelech
25% Rizinusuelech
25% Mandeluelech
25% Sheabotter
6% Iwerfettung
Dest Rezept gëtt eng Fest Seef mat vill Schaum déi och fir onkomplizéiert Hoer geejent ass obgrond vum héijen Rizinusundeel.
Duech den Sheabotter wierkt se pfleejend an Rechfettend, den Kokosuelech gëtt den néidejen Rengejungswaert an den mandeluelech mecht se méi douce.
Ob Wonsch ass eng méi héisch Iwerfettung natierlech keen problem, eng méi déif Iwerfettung géif ech hei net recommendéieren well den PH-Wert soss ze héich gëtt an d'Seef domat ze staark an ausdrëschnend wierken kann
Hoerseef:
33% Kokosuelech
30% Rizinusuelech
14% Mandeluelech
12% Sheabotter
5,5% Olivenuelech
5,5% Drauwenkaeruelech
8% Iwerfettung
Standarméissech ass hei nach dran:
Kannéil, Aktivkuel, Ennerwoll
Ätheresch Uelecher: Zeder, Rosmarin & Vanill
Des Kombinatioun aus Planzenfetter, äthereschen Uelecher an Kannéil bidd eng schounend an staerkend zesummenstellung fir d'Hoer an d'Kapphaut.




Des weideren hun mir Seefen aus:
Mandeluelech & Kokosuelech
Olivenuelech & Kokosuelech
100% Olivenuelech
Och méijlech ass eng ganz lokal 100% Rapsseef, des ass gudd als Handseef haellt sech awer nëmmen ca. 1 Joer well den Rapsuelech zimlech séier ranzech gëtt wouduech ech déi just ob Bestellung maachen
Eis Seefen: allgemeng Infoen
All eis Seefen gin zu Wëlwerwolz vun Hand am Kaalverfahren, aus planzlechen Fetter, hiergestallt.
Et sin eejen Rezepter déi ob Wonsch un iech an un aer Haut an Hoer ugepasst kënnen gin.
Réihstoffer wéi Soja, Palmfett, Parfumsuelecher, Mica-Pudder, ... asw fannt dir an eisen Seefen net.
Eis ass et wichtech mat 100% natierlechen Réihstoffer ze schaffen.
Fir den Geroch huelen mir naturreng, ätheresch Uelecher
Fir d'Farw Réihstoffer wéi Tounerd, Kaffi, Kannéil, Kakao, Indigopigment, Spiruline, Kurkuma, Lehm, gemuelen Planzen, ...
Mir schaffen och net blann no engem Lable mais ganz bewosst sou datt mir Déieren an Natur net zur laascht faalen. Daat heecht z.B. datt et fir eis keen Sënn mecht een "Vegan" Lable ob engem Produit ze hun an deem Palmuelech verschafft gouf, een Réihstoff fir deen riesen Plantagen am Reebësch geschaaf, an domat onwahrscheinlech vill Liewensflaesch zerstéiert gouf.
Mir verzichten also ganz bewosst ob des Labelen, aus Respekt firun der Natur, an verschaffen net Veganen Beienwuess aus eejenem Gaart (oder engem aaner Lëtzeboier Gaart) fir deen kengem Déier een Leed gedohen gouf.
Och ass an all Seef d'Ennerwoll vun eisem "Chef" an "Logo" perséinlech verschafft, alleng doduech hun mir schon keng Vegan Seef mais och hei verzichten mir fir een Lable net ob eng besser Qualitéit vun eisen Produien.





Woll an der Seef: Firwaat?
Firwaat verschaffen mir an all eisen Seefen dem Inouk seng Ennerwoll?
D'nemlecht wéi een et vllt schon vun der Alpakaseef oder der Schoofsseef kennt huet d'Ennerwoll vum Hond deen nemlechten Effekt.
D'Hoer gin am NaOH obgeléist, sou datt een den Keratin aus den Hoer an der Léisung behaellt ouni Hoer an der Seef ze hun.
Keratin ass een natierlechen Protein an een wichtechen Bestanddeel vun Hoer, Haut an Neel.
Seng Vierdeeler an der Seef:
Den Keratin ennerstëtzt den Obbau vun Haut an Hoer an dréit doduech zu méi Staerkt an Elastizitéit bai.
Keratin ass "Hypoallergen", heescht eppes wourob een net allergesch reagéiert vue datt et een Kierpereejenen Stoff ass. En ass also ideal fir Lait mat villen Allergien an Hautproblemer, dir kënnt en ouni bedenken notzen an sou eppes guddes fir aer Haut maachen.




Hierscht & Wanterseefen 2025

Aktuell Gerësch:
Zitronell (Oliven- & Kokosseef)
Vanill (Mandel- & Kokosseef)
Zeder, Rosmarin & Vanill (Hoerseef)
Rosmarin
Lavendel
Rousen
Rousen & Jasmin
Rousen & Palmarosa
Zitroun & Eukalyptus
Orange
Waihrauch
Wackelter
Zeder, Kiefer & Vanill
Sandelholz
Sandelholz & Vanill
Kiefer
Patschouli
Kiefer & Patschouli
Ingwer
Pampelmuss
Neutral