Wou Fannt Dir eis Produien nach?
Niewt eisem Geschaeft zu Wëlwerwolz fannt dir eis Produien nach:

Zu Heischend bei den "Alpakas aus dem Naturpark Obersauer" 10 um Maart:
Hei hudd dir een Superléiwen Famillienbetrieb wou dir niewt Produien aus Alpakawoll wéi Këssen, Decken, Haennchen, Strëmp an méi och aaner frësch an lokal Saachen vun hierem Haff kaafen kënnt.
Et lount sech och fir eng Visit bei hieren Alpakaen ze buchen an des wonnerschein Déieren hautnoh ze erliewen
Ausserdeem Sieden mir hier Seefen mat engem Hautpflejenden Rezept mat vill Sheabotter an, wéi kéint et aanecht sin, mat der Woll vun hieren Alpakaen.

Zu Esch-Sauer an der Duchfabrik:
15, rue de Lultzhausen
Niewt der Duchfabrik selwer, wou dir Iech ukucken kënnt wéi Schofwoll bei hinnen ob ganz traditionell Art an Weis verschafft gëtt an den villen, intressanten Aktivitéiten ronderëm eis Natur déi sie unbidden, fannt dir hei och een léift Geschaeft mat lokalen Produien, schéinen, handgemaachten Kadoen an super léif Berodung. Sou kënnt dir Iech hei Aer wëllen Kleeder wéi Ponschoen an Schaaler an Accesoiren wéi Posachen, Schachtelen an Bicer no Aeren Wënsch gestalten lossen, flott Ronnen em den Stau maachen an Iech vun hinnen déi schéinsten Weeër an Plaatzen weisen loossen oder een Tour am Solarboot iwert d'Waasser maachen.

Zu Woltz am Ale Moart:
13, Grand-Rue Wiltz
Hei fannt dir net nëmmen vill, lokal Naturproduien souwéi handgemaachten Dekos- an Alldaachsartikelen vun Lokalen Produzenten, mais dir kritt och super Kaffi an Kaffiskichelcher an villes méi fir d'Ziessen an enger entspaanter Atmosphaer bei enger immens léiwer Equip.

Zu Munzen an der Robbesscheier:
1, Frummeschgaass, 9766 Munshausen
Niewt guddem Iessen an engem léiwen, wonnerschéin aalmoudeschem Bistro, Intressanten Aktivitéiten, dorënner hier bekannten Paerdskutsch, an gemittlechen Zëmmeren an deenen dir Vakazn maachen kënnt fannt dir an der Robbesscheier och een schéinen Buttik mat Lokalen Produkter.

Zu Eesbesch bei der FierwëtzTUUT:
6 am Duerf
Beim Sylvie fannd dir niewt sengen mëttlerweil bekannten an super leckeren Madelainen saisonalen Sirop, Gebees an deen een oder aaner Likör.
Och ass d'Fierwëtztuut ëmmer rem fir Kreativ iwerraschungen gudd an daat net nëmmen bei sengen léiwen Dekoratiounen mais och beim Iessen an drenken, sou huet hat z.b. ëmmer mol rem ganz speziell Saachen wéi Baamkuch, Rumtopf, Tiramisu an der Riesenmadelaine, Bëschaerdbiers Gebees an villes méi waat net nëmmen super lecker ass mais och schwéier soss éirens ze fannen!

Bei Reizfrei zu Feschbesch:34, Duarrefstrooss
D'Monique huet mat "Reizfrei" eng Idee emgesaat déi fir vill Lait eng grouss Hëllef ass: een Shop extra fir Menschen mat Allergien mat Produien déi frai vun Allergenen sin. Hat mecht dest sou gewëssentlech dass hat net nëmmen dorop oppasst fir Produien déi frai vun Allergenen sin ze kaafen, hat Test des och all selwer mat speziellen Verfahren fir sech ganz secher ze sin datt an sengen Saachen och dran (bzw net dran) ass waat drop steht.
Dir fannt bei him een Grousst Sortiment aus Kosmetik, Seef, Cremen, Parfum, Waesch- an Botzmëttel, Schmuck, Saachen am Naturkork an Villes fir den alldeejlechen Gebrauch.

Et ass awer natierlech net nëmmen sou datt mir eis Saachen nach ob aaner Plaatzen hun, mir hun hei zu Wëlwerwolz och d'Saachen vun aaner klengen Geschaefter am verkaaf.
Weemseng Saachen dir nach hei fannt an vun wem dir deemno och Saachen heihin bestellen kënnt fannt dir hei:

Fir iech eng méi grouss Auswiel bidden ze kënnen steht bei eis zu Wëlwerwolz vun den hei obgezielten Produzenten eng kleng Auswiel un Produien.
An hierer PDF fannt dir Infoen dozou waat sie alles maachen an wou dir sie fannt.
Heibai geht et dorems sech ënnerteneen ze vernetzen als sech géijensaitech ze hëllefen méi Lait ze erreeschen an sou d'Lokal Produktioun an Lëtzebuerg ze ënerstetzen.