Ob desen Maert fannt dir eis
Well d'Geschaeft zu Wëlwerwolz immens oofgeleeën ass sin mir och ob villen Maert present. Daat gëtt net nëmmen eis d'Méijlechkeet méi Lait ze erreechen mais och iech d'Geschaeft méi no bei iech ze hun.

Ettelbreck
All Freiden Moien vun 8-12h fannt dir eisen Stand zu Ettelbreck um Frëschmaart., den Moment nach bei der Kirch.
Geleejendlech sin mir och den 1. Dënsten am Mount um Monatsmarkt zu Ettelbreck bei der Kirch

Iechternach
All 2. Mëttwoch am Mount sin mir zu Iechternach ob der Maartplaatz.

Gréiwemacher
Den 1. Meinden am Mount sin mir zu Gréiwemaacher ob der Maartplaatz.

Dikkrech
Den 3. Dënsten am Mount fannt dir eis zu Dikkrech um Parking bei der Kirch.

Hobbymaert
Och ob verschidden Hobbymaert sin mir vertrueden.
Hei eng Lëscht vun deenen ob deenen mir all Joer present sin:
Woltz: Fréijoersmaart, Braderie an Maart & Musik
Housen & Wuelessen: Um Pumki sengen Maert an um Nuetsmaart Housen
Fueren: Fréijoersmaart
Rulljen: Chrëschtmaart
Heischent: Heischtermaart
Berbourg: Kilometermaart
Ausserdeem dest Joer:
100 Joer Gaart an Heem zu Woltz am Schlasshaff




