Pissblummen Kierperbotter

Et ass dran:

Réih Sheabotter

Een Uelechauszoch mat Pissblummenbléien am kaalgepressten Bio Mandeluelech

Beienwuess

Naturreng, aetheresch Uelecher: Zitroun, Orange, Eukalyptus

 

An woufir ass se gudd:

Wéi all Kierperbotter ass se natierlech gudd fir drëschen Haut

Dobai kënnt awer datt d'Pissblumm bessi een alleskënner ass an dofir nach bei enger Reih aaner Saachen hëlleft wéi z.B.:

Bei Muskelkater

Bei Verspaanungen

Bei der Wondheelung

Se verbessert d'duechbluddung vun der Haut

 

11€

Magréidechersbalsam

Et ass dran:

Sheabotter

Mandeluelechauszoch mat Magréidecher an Lavendel

Lanolin

Hunneg

Naturrengen, aethereschen Uelech Kamill/ Peffermënz, Lavendel, Kamill

 

Den Uelechauszoch mat den Magréidecher ass super fir ob kleng Wonnen, Iritatiounen, bloo Plaatzen an Wond Haut, den Lavendel wierkt berouejend. Beides ass och super wann een gepickt gouf.

Den Peffermënz wierkt killend, bei Sonnenbrand ass se doduerch eng angenehm hëllef fir d'Haut ze berouejen, oofzekillen an ze heelen.

Dovun ofgesin ass et een Hydréiernden Balsam fir d'Haut wann se drëschen oder gereizt ass.

11€

Ob Stock hun mir es den Moment mat Kamill oder mat Peffermënz, Lavendel & Kamill, aaner/ keng ätheresch Uelecher sin ob Bestellung méijlech

Rengelblummen Salew

Et ass dran:

Mandeluelechauszoch mat Rengelblummen

Réihen Sheabotter

Beienwuess

Naturrengen, aethereschen Uelech: Lavendel, Kamill

 

D'Rengelblumm wierkt antibakteriell, entzuendungshemmend an heelend.

D'Salew aus Rengelblumm ass eng natierlech alternativ fir kleng Wonnen, wond Plaatzen, Exemen an Muskelkraemp ze behandelen.

 

14€

Kapuzinerkress Salew

Enthaalen sin:

 

Kapuzinerkressuelechauszoch am Mandeluelech

Réihen Sheabotter

Beienwues

Naturrengen, aethereschen Uelech: Lavendel,


Se dréit zur Wondheelung bai an kann d'nemlecht wéi d'Rengelblummensalew oder den Magréidechersbalsam fir kleng Wonnen oder Irritatiounen genotzt gin.

Den Kapuzinerkress wierkt wéi een natierlechen Antibiotique, entzuendungskemmend an heelend.

Den Lavendel wierkt zousaetzlech berouejend bei Hautirritatioun oder Bass.

 

14€

Beinwell Salew

Et ass dran:

Réih Sheabotter

Een Uelechauszoch mat Beinwellblieder am kaalgepressten Bio Mandeluelech

Beienwuess

Ätheresch Uelecher: Zitronell, Vanill, Eukalyptus

 

Mir kruten een schéinen Beinwellstrauch deen nom emplanzen huet missen zreck geschidden gin, dowéinst ass den Uelechauszoch mat den Blieder gemaach

D'Blieder enthaalen déi nemlecht Wierkstoffer wéi d'Wuezelen just net an grad sou héijer Konzentratioun

Den Beinwell ass firun allem bei Gelenkproblemer een ganz gudd Hëllefsmëttel.

En wierkt entzündungshemmend an kann hei fir kleng Wonnen sou wéi bei Gelenkentzündungen geholl gin.

Ausserdeem hëlleft en géint den Wéih bei Zerrungen, Arthrose, bloen Plaatzen, ...

Och huet en eng Duechbluddungsfördernd an Zellobbauend Wierkung wouduech en bei der Wondheelung hëlleft.

15€

Johanniskraut Salew

Et ass Dran:
Mandeluelechauszoch mat Johanniskraut

Beinwuess

Kokosuelech

Sheabotter

 

Den Johanniskraut wierkt vierrangech bei Verbrennungen, hëllt den Wéih an heelt d'Haut. 

Ausserdeem huet en eng Stëmmungsobhellend Wierkung an verstaerkt d'Wierkung vun der Sonn. 
Dest klengt ganz positiv waat et usech och ass, et sollt een awer ob epuer Saachen oppassen:

Et sollt een sech net mam Johanniskraut ancremem ier een an d'Sonn geht, soss verbrennt een sech gaeren, bei engem Sonnenbrand Cremt een sech also am beschten Owes an oder bedeckt dèi angecremten Plaatzen. 
Ausserdem verdréit d'Johanniskraut sech mat verschidden Medikamenter net.

 

11€